opus 100,7

opus 100,7

0.0 19.95MB 0 Free
Version 1.0.5 Updated 0001-01-01 Developer Etablissement de Radiodiffusion Socioculturel
Klassesch Musek fir an deng TÀsch: Lauschter Lëtzebuerger an international Concerten, Podcasten an eise Live-Programm, wou a wéini s du wëlls.
‱ Vu Kammermusek bis Sinfonie
Erlief d’Klangwelt vun de groussen Orchesteren aus LĂ«tzebuerg, wĂ©i d’LĂ«tzebuerger Philharmoniker, d’Solistes EuropĂ©ens, Luxembourg an den Orchestre de Chambre du Luxembourg, genee esou wĂ©i de Charme vun de Kammermuseksconcerten. Concerten, dĂ©i den opus 100,7 zu LĂ«tzebuerg ophĂ«lt.
‱ Podcaste mat DĂ©ift
-        The Dora Journey: DĂ©i spannend an inspirĂ©ierend Geschicht vun der Komponistin Dora Pejačević
-        Hanner den Téin: De Podcast fir jiddwereen, dee méi iwwer déi Nei Musek zu Lëtzebuerg wëllt gewuer ginn
-        Klassik Talk: LĂ©ier d’MĂ«nschen hanner der Musek kennen, mat persĂ©inleche GesprĂ©icher, Anekdoten an interessanten HannergrĂ«nn
‱ Live dobĂ€i am Moien
Gutt Stëmmung, Musek, déi dech duerch den Alldag begleet an interessant Informatiounen. All Dag tëschent 9h an 12h am Harmonesche Moien um opus 100,7.
‱ Deng App fir klassesch Musek zu LĂ«tzebuerg
Entdeck dĂ©i ganz Bandbreet vun der klassescher Musek zu LĂ«tzebuerg - luet d’App erof a lauschter wĂ©ini a wou s du wĂ«lls.
Category: 音乐(31849) Version: 1.0.5 BundleId: radio.opus.app Developer: Etablissement de Radiodiffusion Socioculturel Updated: 0001-01-01